TennisEnn vu Reegel-Chaos bei Grand-Slam-Tournoien

RTL Lëtzebuerg
Déi véier Grand-Slam-Tournoien zu Melbourne, Paräis, Wimbledon an New York hu sech op eenheetlech Reegelen am decisive Saz gëeenegt.
2010 huet d'Partie tëscht dem John Isner an dem Nicolas Mahut 11 Stonnen a 5 Minutte gedauert.
2010 huet d’Partie tëscht dem John Isner an dem Nicolas Mahut 11 Stonnen a 5 Minutte gedauert.
© AFP (Archiv)

Vun de French Open zu Paräis (22. Mee bis de 5. Juni) u ginn et eenheetlech Reegelen am decisive Saz bei all de Grand-Slam-Tournoien. Deemno gëtt bei den Hären am fënnefte Saz a bei den Dammen am drëtte Saz beim Stand vu 6:6 een Tiebreak gespillt. Wie fir d’éischt zéng Punkte mat op d’mannst zwee Punkte Virsprong huet, huet gewonnen.

Wéi d’Daachorganisatioun vun den Tournoien, de Grand Slam Board, matgedeelt huet, hätt et een “grousse Wonsch no méi Eenheetlechkeet bei de Reegelen” ginn. D’Matcher sollen doduerch fir Spiller, Spillerinnen a Fans zu engem besseren Erliefnis ginn.

Bis ewell gouf et bei de véier Grand-Slam-Tournoien zu Melbourne, Paräis, Wimbledon an New York ënnerschiddlech Reegelen.

Dem Grand Slam Board no gëtt d’Reegel zäitweis agefouert. No de véier Tournoien an dësem Joer wëllt ee gemeinsam mat der Tennisorganisatioun vun de Männer (ATP), vun de Fraen (WTA) an dem Weltverband (ITF) decidéieren, ob d’Reglement dauerhaft geännert soll ginn.

Back to Top
CIM LOGO