Mam Marco Sowa an Danièle KaberErënnerungen un d'Olympesch Spiller 1988 zu Seoul

RTL Lëtzebuerg
De Marco Sowa war iwwer 20km Goen um Depart. Fir d'Danièle Kaber gouf et eng 7. Plaz am Marathon.
© RTL

Mam Marco Sowa war 1988 e Lëtzebuerger Olympionik iwwer 20 Kilometer Goe bei de Summerspiller zu Seoul dobäi. Dem haut 60 Joer ale Mann huet deemools virun allem d’Ambiance am Olympeschen Duerf gutt gefall. Och d’Ouvertures- an d’Schlusszeremonie huet den Athlet a gudder Erënnerung behalen.

Am RTL-Interview erzielt de Sportler eis, wéi et zur Taass Kaffi drénke mam deemolege Goldmedailegewënner am Tennis, dem Miloslav Mecir, koum.
1984 huet de Marco Sowa mat der Disziplin Goen ugefaangen - “Marcheur” genannt. Säi Papp, de Charles Sowa, war och am athletesche Goen aktiv.
Hautdesdaags si keng Sportler an där Disziplin hei zu Lëtzebuerg aktiv.

Dëst fënnt de Marco Sowa schued. “Et wär wichteg, dass dat athletescht Goen op Meetingen emol nees géif ugebuede ginn. Oder e Schnuppermoment fir Jonker. Sou kéint een dës Disziplin nees attraktiv maachen”, sou de fréieren Olympionik am Gespréich.

De Marco Sowa erënnert sech u Seoul 1988
Hie war am Goen um Depart.

De Marco Sowa huet 1998 seng Sportschong un den Nol gehaangen. Deemools gouf hie Papp a wollt seng Zäit mat der Famill verbréngen.

7. Plaz fir d’Danièle Kaber am Marathon

D’Danièle Kaber huet 1988 Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. Am Marathon gouf d’Sportlerin déi 7. an 2 Stonnen, 29 Minutten an 23 Sekonnen. Am selwechte Joer gouf d’Danièle Kaber och zur Sportlerin vum Joer gewielt.

D'Danièle Kaber bei den Olympesche Spiller zu Seoul
D’Lëtzebuergerin ass am Marathon déi 7. ginn.

Och am Marathon vun den Häre war mam Justin Gloden ee Lëtzebuerger um Depart. Hie war de 36. ginn.

D’Olympesch Summerspiller 1988 zu Seoul goufen deemools vum 17. September bis den 2. Oktober organiséiert. 8 Lëtzebuerger hunn deemools un de Spiller deelgeholl. Nieft dem Danièle Kaber, dem Justin Gloden an dem Marco Sowa waren och nach d’Nancy Kemp-Arendt, d’Ilse Martha Ries-Holz, den Yves Clausse, de Jean-Claude Kremer an de Roland Jacoby mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO