De Projet, an enger Liga fir europäesch Clibb matzespillen, huet d’FLBB an de leschte Joren och mat finanzieller Hëllef vun den Eltere vu Spillerinnen a Spiller duerchgezunn. An och an der 4. Saison ass ee sech bei der Federatioun sécher, dass een dee richtege Wee ageschloen huet.
D’U18-Dammen trainéieren all Méindeg a kréien optional mëttwochs och nach Individualtraining vun der FLBB ugebueden. Nieft den Trainingsmatcher fiert d’Ekipp och nach 3 Mol op een Tournoi. Do ass Koordinatioun an och de gudde Wëlle vun de Veräiner gefrot, fir organisatoresch alles ënnert een Hutt ze bréngen.
E Beispill ass d’Résidence Walfer, déi gläich 4 Spillerinnen am Kader hunn, déi och fir d’U18 spillen. D’Resultater ginn der FLBB Recht. D’U18-Dammen hu viru kuerzem mat enger däitlecher Victoire an engem Preparatiounsmatch gewisen, dass si e Schratt no fir gemaach hunn. An hu si beim éischten Tournoi vun der European Girls Basketball League nëmmen 1 Mol a 5 Matcher gewonnen, gouf et de Weekend an Estland 3 Victoiren a 5 Partien.
Et soll um Enn eng Win-Win-Situatioun fir all involvéiert Parteien entstoen. Organisatoresch ass dat sécherlech net ëmmer einfach, mee um Enn profitéieren déi ëm déi et jo eigentlech geet. Nämlech déi jonk Talenter aus Lëtzebuerg.