BasketballErfollegräiche Saisonsoptakt fir d'LuxRollers

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Ekipp spillt an der däitscher Regionalliga a gewënnt hir éischt zwee Matcher géint Bad Kreuznach.
© Screenshot

No zweeanhallef Joer Paus, duerch Corona bedéngt, hunn d’LuxRollers dëse Weekend hir éischt zwee Matcher géint Bad Kreuznach gespillt a gewonnen. Den éischte Match goung mat 53:34 un d’Lëtzebuerger an am zweete Match waren d’LuxRollers mat 51:40 erfollegräich, an dat mat enger aktuell onkompletter Ekipp. Et falen e puer Leit wéinst Operatiounen aus.

Basket am Rollstull ass näischt fir empfindlech Naturen an erfuerdert eng gutt Beherrschung vu Rollstull a Muskelen. D’Reegele si gréisstendeels wéi am klassesche Basket an et ass méiglech, dass Männer a Fraen an enger Ekipp kënne spillen.

De President Raymond Schintgen strieft mat senger Ekipp an dëser Saison eng gutt Placéierung an der däitscher Regionalliga Mitte un.

Erfollegräiche Saisonsoptakt fir d'LuxRollers
D’Lëtzebuerger Ekipp spillt an der däitscher Regionalliga a gewënnt hir éischt zwee Matcher géint Bad Kreuznach.

Back to Top
CIM LOGO