
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den 11. Spilldag a bei den Dammen den 9. Spilldag.
HB Diddeleng - HB Käerjeng 33:29 (14:15)
Béid Ekippen hu sech an den éischte Minutten net vill huele gelooss, sou dass sech kee sou richteg ofsetze konnt. Tëschenzäitlech hat den HB Dideleng e Virsprong vun 3 Goler Opweises, e puer Minutte méi spéit louch dann nees d’Ekipp vu Käerjeng a Féierung. Mat engem knappe Virsprong vun engem Gol ass et fir de Gaascht an d’Paus gaangen. Déi ganzen Zäit huet d’Féierung gewiesselt, ma an enger immens spannender Partie huet zum Schluss Dideleng d’Iwwerhand gehat a wënnt sou mat 33:29 géint Käerjeng.HC Bierchem - HBC Schëffleng 41:12 (18:3)
Den HCB Schëffleng huet d’Stäerkt vun der Ekipp vu Bierchem direkt ze spiere kritt. Am Match hat d’Lokalekipp kloer d’Iwwerhand, wat sech scho mam kloere Pausresultat vun 18:3 gewisen huet. Wéi erwaart huet sech um Spillverlaf an der zweeter Hallschent vum Match näischt méi geännert a sou gewënnt Bierchem souverän mat 41:12 géint Schëffleng.Chev Dikrech - HB Péiteng 21:23 (8:15)
D’Lokalekipp vun Dikrech huet am Ufank guer net an de Match fonnt a sou stoung et no 10 Minutten iwwerraschend 5:0 fir de Gaascht vu Péiteng. Duerno ass den Chev da lues a lues erwächt, trotzdeem ass et net gelongen de Réckstand opzehuelen. Mat engem klore 15:8 fir den HB Péiteng ass et also an d’Paus gaangen. An der zweeter Hallschent vum Match huet Dikrech dann un Tempo zougeluecht an ass souguer op ee Punkt nees erukomm. Déi knapp Féierung krut den HB Péiteng awer verdeedegt a gewënnt mat 23:21 zu Dikrech, déi ze spéit an de Match fonnt hunn.Red Boys Déifferdeng - HB Esch 26:32 (11:18)
Red Boys Déifferdeng - HB Museldall 29:24
Zu Déifferdeng kruten d’Spectateuren eng spannend Partien ze gesinn. No den éischten 30 Minutten louch de Gaascht aus dem Museldall mat engem knappe Virsprong vu just engem Gol a Féierung. Och an der zweeter Hallschent ass et genau sou weidergaangen. Wat d’Partie awer méi al ginn ass, huet sech gewise wien nach déi meescht Kraaft iwwreg hat. Sou war et zum Schluss Déifferdeng, déi sech no 60 Minutten mat 29:24 géint den HB Museldall duerchgesat hunn.
Chev Dikrech - HB Esch 31:23
No enger ausgeglachener Ufanksphas an den éischte 5 Minutten huet d’Lokalekipp vun Dikrech opgedréit a sech e Virsprong opgebaut. Mat enger gudder Leeschtung vum Chev hat et de Gaascht vun Esch schwéier, sou dass et mat engem 18:7 an d’Paus gaangen ass. Och an der zweeter Hallschent huet d’Lokalekipp näischt ubrenne gelooss a gewënnt um Enn kloer mat 31:23 géint den HB Esch.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball