
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an de leschte Spilldag virun de Playoffs. Hei war net méi vill Spannung dran wëll d’Ekippen déi sech fir d’Playoffs qualifizéieren scho virdrun bekannt waren.
Duerch d’Victoire vun Esch géint Diddeleng bei den Hären ginn dës als Tabellenéischten an d’Playoffs. Domadder spillen am Titelgrupp den HB Esch, d’Red Boys Déifferdeng, HB Diddeleng, HC Bierchem, HB Käerjeng an den CHEV Dikrech. Schëffleng a Péiteng spillen am Playdown.
HB Diddeleng - HB Esch 28:29 (13:17)
HC Bierchem - CHEV Dikrech 36:15 (17:9)
HBC Schëffleng - HB Péiteng 30:26 (14:15)
Bei den Dammen geet Käerjeng als Tabellenéischten an den Titelgrupp. Hannert Käerjeng kënnt Diddeleng op déi 2. Plaz virun Dikrech. Och mat am Titelgrupp sinn d’Ekippen Red Boys Déifferdeng, Museldall an de Standard.
HB Diddeleng - HB Esch 33:17 (15:9)
HC Standard - Chev Dikrech 18:32 (9:16)
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball