
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen den 3. Spilldag.
An der Spëtzepartie vum 3. Spilldag huet sech de Champion Esch duerch e Gol a leschter Sekonn mat 33:32 géint Käerjeng duerchgesat. An engem enke Match louchen déi Escher an der Paus mat 17:14 a Féierung. 12 Minutt viru Schluss konnt du Käerjeng op 25:25 ausgläichen. Duerno ass et bis déi lescht Sekonne ganz spannend bliwwen, ier de Barkow 9 Sekonne viru Schluss den decisive Gol fir déi Escher geschoss huet.
Eng Last-Minute-Victoire gouf et dann och fir den HBD. Déi Diddelenger hu sech géint Miersch ganz schwéier gedoen. Nodeems een an der Paus mat 14:15 hanne louch, huet den Anic an der leschter Minutt den 29:28 markéiert an dem HBD d’Victoire domadder geséchert.
E 17:17-Remis (11:8) gouf et dann tëscht Dikrech a Rëmeleng.
D’Red Boys hate keng Problemer zu Schëffleng an hu sech mat 33:24 (13:16) behaapt.
An dann huet sech de Standard nach mat 20:31 (11:14) géint Bierchem misse geschloe ginn.
Bierchem an Esch sti mat 6 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell.

Bei den Damme gouf et déi zweet Néierlag an dëser Saison fir de Champion Dikrech. Zu Diddeleng huet ee mat 21:26 verluer. An der Paus stoung et tëscht béiden Ekippen 12:12 gläich. An der zweeter Hallschent hat den HBD direkt d’Féierung iwwerholl an dës bis zum Schluss net méi aus der Hand ginn.
Keng Chance hunn dann d’Red BoysBieles gelooss. Nodeems een an der Paus mat 17:13 a Féierung louch, huet ee sech um Enn awer däitlech mat 36:21 duerchgesat.
An de Standard konnt sech géint Esch iwwert eng knapp 22:21-Victoire (10:8) freeën.
E Freideg den Owend hat sech scho Käerjeng mat 32:21 (14:11) géint de Museldall behaapt.
No 3 Spilldeeg sti Käerjeng an Diddeleng mat 6 Punkten un der Tabellespëtzt.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball