Den HB Esch huet mat enger gudder Leeschtung géint den HC Bierchem e Samschdeg den Owend mat 30:25 gewonnen ableift soumat weiderhin Tabelleleader.
U Spannung huet e Samschdeg zu Käerjeng sëcherlech net gefeelt. An der Partie tëscht dem HB Käerjeng an de Red Boys vun Déifferdeng hu sech zwou Ekippen op Aenhéicht begéint. Zum Schluss haten awer d’Haushären d’Iwwerhand a klamme mat der Victoire an der Tabell op déi 2.Plaz.
Diddeleng huet géint de Gaascht aus Dikrech näischt ubrenne gelooss an d’Partie souverän mat 32:20 gewonnen.