BasketEtzella als Favorit an der Halleffinall géint d'Amicale

RTL Lëtzebuerg
Am zweete Match trëfft de Basket Esch op den T71 Diddeleng. E Mëttwoch ginn dann déi éischt Matcher gespillt.
Ettelbréck konnt sech an der Coupefinall géint Steesel duerchsetzen.
Ettelbréck konnt sech an der Coupefinall géint Steesel duerchsetzen.
© Maya a Robert Straus (Archiv)

Halleffinallen am Basket / Preview Jeff Kettenmeyer

D’Etzella ass bis elo déi dominant Ekipp vum Championnat. An der ganzer Saison gouf et bis ewell just eng Néierlag a mam Titel an der Coupe huet een och vill Drock vun de Schëllere geholl.

D’Amicale Steesel huet als Champion trotzdeem och d’Chance, fir virunzekommen, och wann et an der “Best of Five"-Serie relativ schwiereg gëtt, fir 3 Mol ze wannen, seet de Jo Hoeser. Ondankbar ass elo just, datt een direkt an der Woch bis op Ettelbréck muss fueren. Dat ass eben esou. An der Saison huet Steesel e puer Matcher verluer a wann een déi gewonnen hätt, géif een elo op Esch treffen. Dat wier och e schwéiere Géigner, mä wann een alles wëll gewannen, muss een och géint jidderee gewannen.

Déi Steeseler hunn an der Coupefinall villes geléiert a wëssen, wat een anescht muss maachen. Dorënner, datt een zwou Hallschente muss spillen, esou de Jo Hoeser weider. An der Coque hu si eng gutt éischt Hallschent gespillt. An der zweeter Hallschent huet een net dat gemaach, wat ee sech virgeholl hat, an esou huet een d’Finall verluer.

An der zweeter Halleffinall spillt de Basket Esch géint den T71 Diddeleng. En Duell, wat vu vir era relativ vill Brisanz huet, esou den Tom Schumacher. Esch géint Diddeleng ass an all de Sportaarten ëmmer eppes Extraes. D’Hal zu Esch ass dofir och gutt gemaach, kleng an enk, do kënnt ëmmer gutt Stëmmung eran. Mä do dierf Diddeleng sech net beandrocke loossen an hire Match maachen.

An der Defense muss den T71 awer eng Schëpp dropleeën. De Frank Muller huet nom Match op der Sparta relativ ironesch gemengt. “Wa mir spillen, ass ëmmer Spektakel. Mir kënnen zwar keng Defense spillen, mä et ass ëmmer Spektakel”.

De Basket Esch spillt e Mëttwoch den Owend um 20 Auer géint den T71. D’Partie tëscht der Etzella a Steesel ass um 20.30 Auer.

Back to Top
CIM LOGO