BasketEtzella Ettelbréck de grousse Favorit op Coupe a Championnat?

RTL Lëtzebuerg
Am nationale Basket fänkt elo dee richteg interessanten Deel vun der Saison un.
© Maya a Robert Straus (Archiv)

Den Optakt maachen de Weekend d’Coupe Halleffinallen an duerno geet et dann am Championnat mam Playoff lass. Bei den Häre gëtt et op béid Titelen ee grousse Favorit.

Basket virum Playoff / Reportage Jeff Kettenmeyer

D’Etzella huet vun 18 Matcher am Championnat bis ewell nëmmen 1 verluer. Virun allem an den decisive Momenter schéngt d’Ekipp ee Schratt par Rapport zu leschter Saison no Vir gemaach ze hunn, seet den RTL-Expert Ken Diederich. Si hunn och déi beschten Attack am Land a sinn och doduerch an engem Best-of-5 de Favorit géint all Ekipp hei am Land.

Hannert der Etzella gesäit de Nationaltrainer virun allem 3 Ekippen, nämlech Esch, Steesel an och den T71 Diddeleng am Krees vun de Favoritten. Esch hat e bësse Pech mat de Blessuren a steet awer elo gutt do. Steesel huet aktuell déi beschten Defense am Land an Diddelenger war net gutt an d’Saison gestart, huet sech elo awer erkritt.

Déi grouss Enttäuschung ass bis elo Walfer als Tabelleleschten. D’Résidence huet just zwee Matcher gewonnen a steet virum Playdown schonns praktesch mam Réck wittert der Mauer. Si mussen den éischten Deel vun der Saison ofhaken an elo de Playdown spillen, wëssentlech, datt si net méi vill ze verléieren hunn. Grad an der Defense musse si sech rappen, well si hunn déi Schlechtsten am Land an domadder ass et schwéier, fir an der Total-League ze bleiwen.

De Weekend stinn awer als éischt mol d’Coupe-Halleffinallen um Programme. De 9. Februar ass dann den éischte Spilldag am Playoff.

Back to Top
CIM LOGO