
Duerch d’Victoire vun Ettelbréck bleiwe Si souverän un der Tabellespëtzt. Am Play-Down gewënnt Hiefenech ganz kloer mat 104:77 géint Walfer.
Etzella - Steesel 106:85
Steesel hat Schwieregkeeten fir an de Match ze kommen an d’Etzella konnt sech séier e Virsprong erschéissen. Den Ettelbrécker si vill 3er an der éischter Halschent gelongen an d’Steeseler kruten dëst net gutt verdeedegt. De Billy McNut huet och e staarke Match ënnert dem Kuerf gewisen a konnt sech vill Rebounds sécheren. No der Paus haten déi Steeseler dunn e bëssen ëmgestallt a kruten 3er däitlech besser verdeedegt. Mee trotz allem konnt Ettelbréck iwwert de ganze Match gesinn säi Virsprong halen a gewënnt verdéngt mat 106:85.
Basket Esch - Diddeleng 95:84
Et war en immens enke Match tëscht dem Basket Esch an dem T71 Diddeleng an et huet keen deem aneren eppes geschenkt. Esch war awer praktesch iwwert déi ganz Zäit am Virdeel an Diddeleng huet sech schwéier gedoen fir de Match kënnen ze dréinen. Am leschte Véierel ass bei Diddeleng dunn net méi sou vill zesummegelaf an hinne si just 9 Punkte gelongen. Sou dat dëse spannende Match réischt am leschte Véierel entscheet gouf.
Walfer - Hiefnech 104:77
Walfer hat eng ganz staark éischt Halschent gespillt a konnt an dëser de Match scho quasi entscheeden wëll no dëser louchen se schonn mat 61:30 a Féierung. Am Véierel no der Paus konnt Hiefnech de Réckstand zwar nees e bësse verkierzen mee e war einfach ze grouss sou dat Walfer elo och net méi huet missen 100% ginn. Sou ass de Match mat engem ganz kloeren a souveränen 104:77 op en Enn gaangen.
Hesper - Musel-Pikes 20h30