Wéinst Corona-PandemieEuro Meet 2022 gouf offiziell ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Dat hunn d'Organisateuren e Mëttwoch an engem offizielle Schreiwes matgedeelt. Den Euro Meet war vum 28. bis den 30. Januar geplangt.
© Archivblid

Wéinst der aktueller Corona-Situatioun huet een elo awer decidéiert, fir dëst Event ofzesoen. Virun allem déi nei Omikron-Variant hätt d’Organisateuren zu dëser Situatioun bruecht, esou de Meet-Direkter Serge Hollerich.

Et wier eng schwiereg Decisioun gewiescht an et wéilt ee sech bei alle Leit, ob Athleten, Jugen oder Benevollen, déi sech ugemellt haten, entschëllegen. Et géing een awer mengen, et wier déi richteg Decisioun, well d’Gesondheet vu jidder Eenzelem an dëser schwiereger Zäit awer géing virgoen.

Och den FLNS-President Marco Stacchiotti bedauert, datt den Euro Meet wéinst der Corona-Pandemie schonns eng zweete Kéier muss ofgesot ginn. Weider huet hien ënnerstrach, et géing ee sech awer schonn op d’Editioun 2023 freeën.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO