
Nodeems den Tabellenéischten Déifferdeng e Samschdeg géint Wolz zwee Punkte leie gelooss hat, konnt Diddeleng net dovu profitéieren. Den F91 verléiert 0:1 beim Progrès Nidderkuer. An engem relativ schwaache Match war deenen Nidderkuerer an der 31. Minutt no engem Fräistouss den decisive Gol gelongen.
An der zweeter Hallschent ass et phaseweis méi héich hiergaangen, awer net wéinst de ville Golchancen, mee wéinst Nicklechkeeten tëscht de Spiller a Meenungsverschiddenheete mam Arbitrage. Sou gouf och de Karayer op Nidderkuerer Säit mat Giel-Rout vum Terrain gesat. Diddeleng wollt dorausser Profit schloen, ass awer zu kenger klorer Golchance komm.
Déifferdeng geet domat mat 4 Punkte Virsprong als Tabelleleader an d’Wanterpaus, Diddeleng ass Zweeten, virun Hesper an Nidderkuer.
D’Fola Esch huet sech vun der Néierlag d’lescht Woch géint Käerjeng erkritt a sech am Kampf géint den Ofstig nees zu Wuert gemellt. D’Fola klappt a leschter Minutt d’US Munneref mat 3:2. Déi Escher haten an der Ufanksphas liicht méi vum Match a konnten no enger Flank an de Strofraum a Féierung goen. De Lahrach huet de Ball mat der Feescht an de Gol bugséiert. D’Ekipp vum Trainer Stefano Bensi hat kuerz virun der Paus nach d’Chance op den zweete Gol, huet déi Chance awer leie gelooss. Munneref huet bis zur Paus keng Äntwert op de Réckstand fonnt.
Direkt nom Säitewiessel konnt Munneref ausgläichen, mee den Diallo huet déi Al Damm nees a Féierung bruecht. Déi Féierung huet awer net laang gehalen, well Munneref dräi Minutte méi spéit nees egaliséiert huet. Kuerz drop war Munneref just nach zu Zéng um Terrain, well de Schmit Giel-Rout gesinn huet. An der Nospillzäit ass der Fola nach den decisive Gol gelongen, deen awer net onëmstridde war.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Progrès Nidderkuer - F91 Diddeleng 1:0
1:0 Delgado (31')
Swift Hesper - FC Schëffleng 2:1
0:1 Koriche (27'), 1:1 Stolz (73'), 2:1 Simon (90'+2)
Fola Esch - US Munneref 3:2
1:0 Lahrach (17'), 1:1 Gassama (46'), 2:1 Diallo (55'), 2:2 Benhemine (58'), 3:2 Quinol (90'+4)
FC Monnerech - UNA Stroossen 0:0
Racing - UN Käerjeng 2:1
0:1 Barbaro (5'), 1:1 Dewalque (7'), 2:1 Perkovic (75')