Historeschen Owend bei Darts-WMFallon Sherrock eliminéiert och de Mensur Suljovic

RTL Lëtzebuerg
Déi jonk Englännerin huet mat dëser Victoire fir ee weideren historeschen Dag bei der Darts-WM gesuergt.

D’Märche vum Fallon Sherrock am Ally Pally zu London bei der Darts-Weltmeeschterschaft geet weider. D’Englännerin huet e Samschdeg den Owend och hiren 2. Match gewonnen. An der zweeter Ronn huet si sech sensationell mat 3:1 géint den Éisträicher Mensur Suljovic duerchgesat.

E Samschdeg am Nomëtteg hat sech den zweefachen Darts-Weltmeeschter Adrian Lewis sech ganz schwéier gedoen a konnt nëmme knapps enger Néierlag aus dem Wee goen. Géint de Spuenier Cristo Reyes louch de Britt virun 3000 Léit am Ally Pally mat 0:2 a Réckstand. No an no huet de Weltmeeschter vun 2011 an 2012 awer ëmmer besser geworf. Um Enn sollt hien dëse Match mat 3:2 wannen an an déi 3. Ronn anzéien.

Back to Top
CIM LOGO