LiichtathletikFanny Arendt brécht 12 Joer ale Rekord iwwer 400 Meter

RTL Lëtzebuerg
Beim Corky/Crofoot Meeting am Texas an den USA huet déi 22 Joer al Athletin eng Zäit vun 52 Sekonnen a 84 Honnertstel realiséiert.
© Screenshot vu pttiming.com

Si konnt domadder den ale Rekord vum Frédérique Hansen aus dem Joer 2013 (54:05) kloer ënnerbidden.

Kuckt hei drënner den Interview (op englesch), dee vun hirem Veräin Texas Tech Track and Field Team no der excellenter Performance gemaach ginn ass.

Fanny Arend brécht 12 Joer ale Rekord iwwer 400 Meter
Am Interview mam Texas Tech Track and Field Team schwätzt déi 22 Joer al Athletin iwwer hir gutt Performance beim Corky/Crofoot Meeting am Texas an den USA.

An deem Interview gëtt déi jonk Athletin gefrot, firwat si an dëser Saison sou vill gutt Performancë géif realiséieren. D’Fanny Arendt, déi hei zu Lëtzebuerg beim C.A Fola lizenzéiert ass, seet, datt et déi éischte Kéier wier, datt si iwwer e laangen Zäitraum ouni gréisser Paus kéint trainéieren, m mat méi Fitnesstraining an e bësse manner Laf-Kilometer. Besonnesch d’Problemer am ënneschte Réck, bedéngt duerch eng duebel Scoliose, hunn d’Fanny Arendt an de leschte Joren doru gehënnert, fir reegelméisseg op engem héijen Niveau ze trainéieren.

Iwwer de Weekend steet eng 800-Meter-Course um Programm, och hei si néi Beschtzäite méiglech.

© Screenshot vu pttiming.com

Back to Top
CIM LOGO