WimbledonFederer schreift Tennis-Geschicht

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg goufe beim drëtte Grand-Slam-Tournoi vum Joer d'Aachtelsfinalle gespillt.
© AFP

Bei den Hären huet ënnert anerem de Rekordgewënner Roger Federer (aacht Titelen) e Méindeg souverän d’Véierelsfinallen erreecht, dat no enger Victoire an 3 Sätz (7:5, 6:4 a 6:2) géint den Italiener Lorenzo Sonego.

Den 39 Joer ale Schwäizer ass den eelste Spiller, deen et an der Ära vum Profitennis (zanter 1968) an d’Véierelsfinallen zu Wimbledon gepackt huet. Zu Wimbledon steet hie fir d'18. Kéier ënnert deene leschten Aacht, fir d'58. Kéier am Ganze bei engem Grand Slam. Den nächste Géigner ass entweder d’Nummer 2 op der Welt Daniil Medwedew (Russland) oder den Hubert Hurkacz (Polen). Wéinst Reen gouf dës Partie am drëtte Saz ënnerbrach a gëtt en Dënschdeg op en Enn gespillt.

Den Toppfavorit op d’Victoire Novak Djokovic huet et och ouni Problemer an d’Ronn vun de leschten Aacht gepackt. D’Nummer 1 op der Welt aus Serbien, deen dëst Joer schonn d’Grand-Slam-Tournoien zu Melbourne an zu Paräis gewonnen huet, huet sech géint den Chilen Cristian Garin mat 6:2, 6:4 a 6:2 behaapt. Hie kritt et elo mam Marton Fucsovics ze dinn, dee sech an haarde 5 Sätz géint den Andrey Rublev behaapt huet.

Net méi mat dobäi ass den Alexander Zverev. Den Däitschen huet a 5 Sätz mat 4:6, 6:7 (6:8), 6:3, 6:3, 4:6 géint de Kanadier Félix Auger-Aliassime verluer. Den Zverev war am 3. Saz ausgerutscht, hat sech um Knéi wéigedoen, ma konnt awer weiderspillen.

Den Iwwerbléck vun de Véierelsfinallen:

Djokovic - Fucsovics

Berrettini - Auger-Aliassime

Khachanov - Shapovalov

Federer - Medwedew/Hurkacz

Dammen

D’Nummer 1 op der Welt Ashleigh Barty huet der Serie vu 15 Victoiren noenee vun der French-Open-Gewënnerin Barbora Krejcikova een Enn gesat. D’Barty huet sech duerch ee 7:5 a 6:3 géint d’Tschechin fir d’éischte Kéier fir d’Véierelsfinallen zu Wimbledon qualifizéiert.

D’Ons Jabeur huet et als éischt arabesch Tennisspillerin an d’Véierelsfinalle vu Wimbledon gepackt. Déi 26 Joer al Tunesierin huet sech an 3 Sätz 5:7, 6:1 a 6:1 géint d’French-Open-Gewënnerin vun zejoert Iga Swiatek duerchgesat. An der Véierelsfinall kritt d’Jabeur et elo mat där op Positioun 2 gesaten Aryna Sabalenka ze dinn. Déi 23 Joer al Belarussin, déi fir d’éischte Kéier bei engem Major iwwert d’Aachtelsfinallen erauskomm ass, huet d’Jelena Rybakina mat 6:3, 4:6 a 6:3 geklappt.

Am Duell vun de Generatiounen huet d’Angelique Kerber d’Cory Gauff geklappt. Déi fréier Nummer 1 huet sech an 2 Sätz mat zweemol 6:4 duerchgesat.

Den Iwwerbléck vun de Véierelsfinallen:

Pliskova -Golubic

Jabeur - Sabalenka

Muchova - Kerber

Barty - Tomljanovic

Back to Top
CIM LOGO