
An der Descente huet sech moies d’Favoritin Federica Brignone aus Italien duerchgesat a sech e Virsprong vun 0,58 Sekonnen op d’Slowakin Petra Vlhova opgebaut, dat op déi zweet Plaz komm ass.
Mëttes ass et da weidergaange mam Slalom, an deem d’Federica Brignone als éischt fortgefuer ass a mat enger Gesamtzäit vun 1:56.24 d’Lat zimlech héich fir déi aner Coureusë geluecht huet. Eng Zäit laang huet et sou ausgesi wéi wann d’Petra Vlhova un der Italienerin laanschtzéie kéint, ma kuerz virum Zil ass d’Slowakin ausgescheet an huet domat déi grouss Chance op d’Victoire verpasst.
Bis zum Schluss sollt et kengem méi geléngen d’Zäit anzehuelen sou dass d’Federica Brignone virum Franziska Gritsch an dem Ester Ledecka d’Alpin Kombinatioun zu Crans Montana an der Schwäiz wënnt.
Am General huet d’Italienerin duerch dës Victoire d’Mikaela Shiffrin iwwerholl a steet sou mat 1298 Punkten un der Spëtzt.