BundesligaFeelstart fir den Thomas Doll mat Hannover

RTL Lëtzebuerg
An der Däitscher Futtball-Bundesliga huet e Freideg den Owend Hannover mat 0:3 géint Leipzig verluer.
© AFP

Nodeems den André Breitenreiter de leschte Weekend den Trainerstull zu Hannover hat misse raumen, ass et dem Veräin aus der Bundesliga och bei der Première vum Thomas Doll net gelongen, fir d’Kéier ze kréien. Hannover 96 huet nämlech e Freideg den Owend virun den eegene Spectateure mat 0:3 géint Leipzig verluer, et ass dat schonn déi 5. Néierlag noeneen doheem an dat ouni e Gol ze markéieren.

Den Halstenberg hat Leipzig kuerz virun der Paus vum Eelefmeterpunkt aus a Féierung bruecht. De Kapitän Orban huet dunn an den zweete 45 Minutten duerch zwee Goler mam Kapp d’Victoire ofgeséchert. Den Erfolleg vun RB war verdéngt, well de Golkipper vun Hannover Esser huet mat e puer staarke Parade weider Goler vun der Ekipp vum Ragnick verhënnert.

Leipzig bleift mat der 11. Victoire an dëser Saison op der 4. Plaz an der Tabell a spillt weiderhin ëm dat internationaalt Geschäft mat. Hannover steet an der provisorescher Tabell vum 20. Spilldag op der zweetleschter Plaz a riskéiert, e Samschdeg op déi leschte Plaz ze falen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO