Coupe de LuxembourgFF Norden 02 suergt fir weider Iwwerraschung

RTL Lëtzebuerg
Datt d'Coupe hir eege Gesetzer huet, dat huet den FF Norden 02 an der drëtter Ronn mat enger 1:0-Victoire géint den FC Luerenzweiler op en Neits bewisen.
© FF Norden 02

FF Norden 02 an der Coupe de Luxembourg / Reportage Sam Rickal

De Weekend gouf déi drëtt Ronn vun der Coupe de Luxembourg am Futtball gespillt. An do goufen et sou munch Iwwerraschungen. Ënner anerem huet Kanech Wooltz eliminéiert. Miersch krut den zweete Präis zu Rëmeleng an Hueschtert huet géint Péiteng gewonnen. Donieft konnt den FF Norden 02 no Victoirë géint Wëntger an zulescht géint Rouspert elo och Luerenzweiler eliminéieren.

De Kapitän vun der leschter Ekipp aus der 1. Divisioun an der Coupe de Luxembourg, de René Majeres, erkläert sech dës gutt Prestatiounen esou: “Mir sinn u sech futtballeresch eng gutt Ekipp a mir probéieren dat bei eis an der Divisioun och ëmmer ëmzesetzen. Mir probéieren d’Spill ze maachen, bezéiungsweis déi aner Ekippe loossen eis d’Spill maachen. Géint Ekippen aus der Éierepromotioun oder der BGL-Ligue ass et eben ëmgedréint. Mir kënne méi ofwaarden, och mol einfach eng Kéier ee Ball no vir knuppen oder och hanne rausspillen, fir einfach méi Variatioun ze hunn. Dat klappt géint déi méi grouss Ekippe besser, well si da gefuerdert sinn, d’Spill ze maachen.”

Et war och de 34 Joer alen Defenseur, deen an der 42. Minutt de gëllene Gol vum Dag geschoss huet. Hie selwer huet dës Situatioun esou gesinn: “Ech ginn eigentlech bei Corner ni mat no vir. Am Vestiaire huet den Trainer mech du mat no vir geschéckt. Mir hunn en plus e puer Varianten, déi mir astudéiert hunn. Ech wollt eng aner wéi déi, déi mir gemaach hunn. Eise Stiermer sot awer nee, well de Golkipp ze grouss wier. Et war grad sou gutt, well eise Stiermer war och deen, deen de Golkipp gestéiert huet, sou datt hien de Ball net festhale konnt an e mir quasi virun d’Féiss gefall ass.”

Am Championnat leeft et beim Jugendveräin vum Laurent Jans an dem Ralph Schon awer manner gutt. Nom Weiderkomme géint Rouspert huet d’Ekipp vum Flavio Mendonca net méi gewonnen a steet no 3 Matcher ouni Victoire op der 11. Plaz an der Tabell. Dëse positive Schwong aus der Coupe wëll een elo och mat an de Championnat huelen: “Wann’s de an der Coupe dee Weekend virdru gewënns, da gees de och bei de Géigner déi Woch drop an deen ass dann extra motivéiert, fir ze weisen, datt si eis och ee Been kënne stellen. An der Coupe géint Luerenzweiler oder och géint Rouspert hate mir net vill Chancen, mee déi wéineg Golgeleeënheeten, déi mir haten, hu mir ra gemaach. Dat musse mir eben och lo am Championnat ëmsetzen. Do hu mir dacks 5 bis 6 richteg gutt Chancen, mee mir schéisse keen oder 1 an dat ass eise grousse Manktem. Wa mir eis Chancë géifen all notzen, da mengen ech, géife mir méi héich an der Tabell stoen, wéi et momentan ass”, sou de René Majeres weider.

Doduerch datt Wooltz an Ettelbréck eliminéiert goufen, gëtt et keen erwënschten Nordderby an och kee Match géint de fréiere Jugendspiller an elo Mierscher Benny Bresch. E Wonschgéigner gëtt et trotzdeem, woubäi een do net nëmmen un dat Sportlecht denkt. D’Virfreed ass natierlech grouss: “E puer Stéck bei eis am Vestiaire hunn och scho gesot: ‘Nach 3 Matcher, da si mir am Stade de Luxembourg’. Cool wier natierlech een Traditiounsveräin wéi d’Jeunesse ze kréien, well déi normalerweis och vill Supporter matbréngen. Dat ass natierlech och flott fir ee klenge Veräin, wann d’Buvette gefëllt ass. Fir de Rescht mol kucken, ob mir e bësse Chance hunn.”

Wien den FF Norden 02 dann als Géigner krit, wäerten déi nächst Woche weisen. D’Aachtelsfinalle ginn am Fréijoer d’nächst Joer gespillt. Do virdru kritt et de Fusiounsveräin vu Wäiswampech awer mol fir d’éischt e Sonndeg am Championnat mat Bäerdref-Konsdref ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO