Kuss-Skandal a SpuenienFIFA späert Luis Rubiales fir dräi Joer

RTL Lëtzebuerg
De fréiere spuenesche Verbandspresident Luis Rubiales gouf vun der Futtballorganisatioun FIFA nom Kuss-Skandal fir dräi Joer gespaart.

Wéi de Weltverband e Méindeg matgedeelt huet, gëtt de 46 Joer ale Mann duerch d’Decisioun vun der Disziplinarkommissioun fir all Aktivitéiten am Kader vum Fussball - souwuel national, wéi och international - gespaart.

Der FIFA no hat de Rubiales mat senger Aktioun am Kader vun der spuenescher Victoire bei der Damme-WM am August géint den Artikel 13 vun den Diziplinarreegele verstouss.

De Luis Rubiales hat d’Nationalspillerin Jennifer Hermoso no der Finall géint England am australesche Sydney op de Mond gekusst. Dofir gouf et international Kritik. De Rubiales war an enger éischter Phas fir 90 Deeg suspendéiert ginn. D’Nationalspillerinne ronderëm d’Jennifer Hermoso waren tëschenzäitlech am Streik.

Back to Top
CIM LOGO