Drëtt Hallschent, de Sport-Talk"Fir d‘Nationalekipp ze spillen, ass dat Gréisst fir mech"

Jeff Kettenmeyer
Des Woch ass den Dirk Carlson Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

De Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller zielt an Tëschenzäit zu deene wichtegste Spiller am Kader vun de Roude Léiwen. Mam Jeff Kettenmeyer huet hien zeréck op de Schweden-Match gekuckt, dee mat Sécherheet ee vun deene beschte Matcher aus der FLF-Geschicht war.

“Wat ech esou impressionant fonnt hu géint Schweden, ass datt mir all zesummen als Ekipp gelidden hunn, mä mir hunn et gäre gemaach, sinn zesummen an ëmmer positiv bliwwen an dat iwwert déi komplett 90 Minutten.”

Den Dirk Carlson leet extreem vill Wäert op eng gutt Hygiène de Vie. De Futtballprofi huet nach ni Alkohol gedronk, probéiert sech gesond ze ernären a passt op säi Schlof op. Mam Schlof ass et awer virun allem no verschidde Matcher net ëmmer esou einfach.

“Virun allem no de Lännermatcher ass dat net esou einfach, déi hunn awer och eng ganz speziell Plaz a mengem Häerz. Mä och wann ech u meng Zäit an der zweeter Bundesliga zeréckdenken, wann een do ee Spëtzematch samschdes owes um hallwer 9 hat, dann dauert dat ganz laang nom Match, wéinst den Hormoner an dem Adrenalin.”

Den Dirk Carlson ass ee Spiller, dee ganz vill iwwer Kampf an Emotiounen opfält. Am Trikot vun de roude Léiwen kéint een hien als „Emotional Leader“ bezeechnen.

“Dat ass alles guer net gefaked. Et ass esou wéi ech als Mënsch sinn, ech feiere mech jo och selwer no engem gewonnen Zweekampf. Am Veräin sinn ech net grad esou, mä bei der Nationalekipp ass ganz vill Stolz dobäi. Ech weess elo schonn, datt egal wat a menger Karriär kënnt, wäert d’Nationalekipp ëmmer dat Gréisst fir mech sinn.”

Mat der FLF-Formatioun wäert den Dirk Carlson an der WM-Qualifikatioun ënnert anerem géint Däitschland spillen. Deemno ee weidere staarke Géigner, mat extreem gudde Spiller. An der Vergaangenheet stoung hie schonns ville Staren géintiwwer, ma virun allem ee Portugis ass hänke bliwwen.

“Och wann ech ee groussen Cristiano Ronaldo Fan sinn, muss ech soen, datt de Rafael Leão mech am meeschten impressionéiert huet. Ech hunn zwar net direkt géint hie gespillt, mä deen huet esou eng gutt Technik, Athletik, Vitess an en ass nach grouss. Dat war dee komplettste Spiller, deen ech bis elo gesinn hunn.”

Des Woch ass den Dirk Carlson Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

Back to Top
CIM LOGO