Futtball zu LëtzebuergFLF mécht Referendum - Wéi vill Spiller dierf een nach verléinen?

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Wochen hat déi Lëtzebuerger Futtball-Federatioun Entrevuë mat de Veräiner aus deene verschiddenen Divisiounen.

Do ass et ënnert anerem drëms gaangen, fir eventuell eng Rei Ännerungen, wat d’Transferten uginn, ze maachen. Et kéint deemno sinn, datt vun der nächster Saison un ee Veräi just nach 4 Spiller däerf an enger Divisioun ausléinen, dovun da maximal 2 bei deen nämmlechte Club. Spiller bei Veräiner ze verléinen, déi an enger méi héijer oder méi déiwer Divisioun spillen, soll onbegrenzt bleiwen.

Bis de 15. Februar leeft e Referendum, wou all Club verflicht ass, matzemaachen. Dat Ganzt ass geduecht, fir verschidden Tendenzen ze reguléieren.

D’Fifa ass och am gaangen, e Reglement an dëser Problematik auszeschaffen. Eng Rei Leit hei am Land froe sech elo, firwat net emol fir d’éischt op d’Propositioun vum Weltverband gewaart gëtt, fir déi dann eventuell och hei zu Lëtzebuerg ze iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO