
Dortmund huet géint den Ofsteiger Kiel eng Victoire mat 2 Goler Ofstand gebraucht, fir sech d’Qualifikatioun fir d’Champions League aus eegener Kraaft ze sécheren. No engem fréie verwandelten Eelefmeter vum BVB an enger rouder Kaart fir Kiel huet Schwaarz-Giel sech dat och net huele gelooss. Um Enn setzt ee sech doheem mat 3:0 duerch, woumat ee sech als Tabellevéierte fir d’Champions League qualifizéiert.
De leschten Champions-League-Participant gouf an der Partie tëscht Freiburg a Frankfurt ermëttelt. Nodeems d’Breisgauer a Féierung gaange sinn huet Frankfurt d’Partie gedréint a sech mat enger 3:1-Victoire déi 3. Tabelleplaz geséchert. Freiburg gëtt iwwerdeems 5. a spillt domat déi nächst Saison an der Europa League.
Am Duell ëm déi 6. Plaz an domat Qualifikatioun fir d’Conference League huet Leipzig trotz zweefacher Féierung 2:3 géint Stuttgart verluer, woumat RB sech net fir dat europäescht Geschäft qualifizéiert. Mainz huet iwwerdeems 2:2 géint Leverkusen gespillt, soudass d’Mainzer fir déi éischte Kéier zanter 2016/17 nees europäesch dobäi sinn.
Heidenheim huet doheem 1:4 géint Bremen verluer a muss domat als 16. an d’Relegatioun. St. Pauli an Hoffenheim sinn deemno trotz Néierlage géint Bochum a Bayern gerett.
Scho virum leschte Spilldag haten d’Bayern sech de Championstitel geséchert, a mat Bochum a Kiel stoungen och déi zwee direkt Ofsteiger scho fest.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.