
En hallefhäerzegen Mea Culpa gouf et e Mëttwoch vum franséischen Inneminister virum Senat. Et goung bei de Froe vun de Senateuren ëm déi schro Tëschefäll e Samschdeg beim Stade de France virun der Final vun der Champions League.
Wéi de Gérald Darmanin sot, wier et evident, datt d’Organisatioun baussent dem Stadion hätt misste besser geplangt ginn. D’Sportsfest wier duerch d’Reiwereien an den Asaz vun der Police verduerwe ginn.
Nach emol sot den Darmanin, datt e Samschdeg eng 110.000 Supportere ronderëm de Stade de France waren, am Fall vun Aggressioune kéinte brittesch an spuenesch Fans vun e Méindeg un eng Plainte an hire Länner maachen.
Den Darmanin steet absënns an der Kritik no sengen Aussoen iwwer gefälscht Entrées-Ticketen, déi vun englesche Fans benotzt gi wieren. Dem Minister no wieren eng 40.000 Ticketen am Ëmlaf gewiescht, der UEFA no awer nëmmen 2.800 gescannt Fake-Ticketen. D’Oppositioun schwätzt vun eklatante Ligen an Inkompetenz vum Darmanin an huet d’Demissioun gefrot. Dat, wat beim Stade de France geschitt wier, wier e Fiasko fir d’Politik an d’Police an eng politesch Katastroph fir d’Exekutiv.
Un eng Demissioun vum Darmanin schéngt awer net ze denken, nach nom Regierungsrot e Mëttwoch huet et geheescht, datt den Inneminister all d’Vertraue vum President Macron hätt.
De Liverpool-President Tom Werner sot sech iwwerdeem indignéiert iwwert d’franséisch Reaktiounen op déi chaotesch Finall a fuerdert Excusen