No Kollisioun mat eegenem VerdeedegerFranséischen National-Golkipp Mike Maignan vum Terrain gedroen

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend ass an der italieenescher Serie A den AC Mailand auswäerts op Udinese Calcio getraff.
© ETTORE GRIFFONI / LiveMedia / DPPI via AFP

Milan huet d’Partie souverän mat 4:0 gewonnen. Trotzdeem ass et beim Stand vun 2:0 zu engem Schockmoment fir d’Rossoneri komm. Dat wéi hire Golkipp Mike Maignan an der 52. Minutt aus sengem Strofraoum gelaf ass, fir e laange Ball vun Udinese ofzewieren. Bei dëser Aktioun ass de franséischen National-Golkipp mat sengem eegene Verdeedeger Alex Jiminez zesummegestouss ass.

De Maignan ass no der Kollisioun, ouni sech ze beweegen, um Terrain leie bliwwen. Hie gouf vun de Sanitäter vum Terrain gedroen an huet d’Nuecht missen am Spidol verbréngen. Informatioune vun der “Gazetta dello Sport” an der “L’Equipe” no, wäert hien am Laf vum Samschdegmoien zeréck op Mailand reesen.

Back to Top
CIM LOGO