
Weidere Spëtzefuttball gouf uechter Europa an Italien, Frankräich a Spuenien gespillt.
Augsburg - Mainz 3:0
D’Augsburger sinn net optimal an d’Réckronn gestart, esou war Mainz liichte Favoritt an der éischter Sonndespartie vun der Bundesliga. An der 8. Spillminutt hunn d’Haushären awer an der Persoun vum Finnbogason den 1:0 markéiert a souguer ronn 10 Minutte virum Téi op en Neits duerch de Finnbogason getraff - 2:0 no 45 Minutten.
Mainz gouf um falsche Fouss erwëscht a konnt och am zweeten Duerchgang net vill ausriichten. Et war an der 54. Spillminutt erëm de Finnbogasson, dee getraff huet a sech fir d’drëtte Kéier als Butteur aschreiwe konnt. Um Enn sollt et beim 3:0 fir d’Haushäre bleiwen.
Stuttgart - Freiburg 2:2
An der zweeter Sonndespartie an der Bundesliga krut et Stuttgart doheem mat Freiburg ze dinn. D’Breisgauer wollten auswäerts punkten, sinn och an der 4 Spillminutt duerch den Haberer an Avantage geroden. Dësen 1:0 huet bis an déi 75. Minutt ugehalen, bis den Insua ausgläiche konnt.
Ma Stuttgart hat es net genuch an huet an der 83. Spillminutt duerch den Didavi den 2:1 markéiert. Dem Chrisitan Streich seng 11 huet awer bis zum Schluss u Punkte gegleeft a konnt an der 3. Minutt vun der Nospillzäit duerch de Niederlechner de Score op 2:2 egaliséieren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaLINK: Gladbach klappt Schalke am Spëtzematch
Leicester - ManUnited 0:1
Manchester United wollt sech auswäerts bei Leicester een Dräier sécheren. Nodeems den Ole Gunnar Solskjaer den Trainerposte bei de Red Devils iwwerholl hat, weist d’Formkurv erëm no uewen. United konnt duerch de Rashford an der 9. Minutt op 1:0 setzen an et goung mat dësem Resultat an d’Kabinnen.
Den zweeten Duerchgang goung méi roueg weider: United huet geréiert a Leicester konnt offensiv net an Erscheinung trieden. Esou blouf et bis zum Schluss beim 1:0-Avantage fir d’Red Devils bei den dräi Punkte fir United am Kampf ëm déi europäesch Plazen.
ManCity - Arsenal 3:1
Arsenal huet et ëmmer nees schwéier, fir géint déi grouss Ekippen aus der Premier League dräi Punkten ze huelen - dëst huet sech um Sonndeg op en Neits bewisen. Direkt an der 1. Spillminutt koum City duerch den Aguero mat 1:0 a Féierung, ier kuerz drop an der 11. de Koscielny ausgläiche konnt. An der 45. Spillminutt ass ManCity duerch den Aguero op en Neits an Avantage geroden a mam Score vum 2:1 fir d’Haushäre goung et an d’Paus. Duerno ass et ëmmer nees hin an hier gaangen, ma den Aguero hat ee gudden Dag erwëscht an huet ee weidere Gol markéiert. Ee verdéngten 3:1-Erfolleg fir d’Citizens an der Course ëm den Titel.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Nîmes- Montpellier 1:1
Den Olympique vun Nîmes hat sech fir d’Partie géint Montpellier vill virgeholl. Schonn no zwou Minutte konnten si duerch de Landre mat 1:0 a Féierung goen. Duerno blouf et a puncto Goler bis an déi 73. Spillminutt roueg - et war den Delort, deen dunn awer fir Montpellier den 1:1 markéiere konnt. No 90 Minutte war een 1:1-Gläichspill ze notéieren.
Lyon - Paris SG 2:1
Nom 1:0 an der 7. Minutt vum Di Maria fir de PSG huet alles no engem Succès fir dem Thomas Tuchel seng Ekipp ausgesinn. Ma Lyon sollt sech awer zolidd dogéintstemmen a virum eegene Public duerch den Dembélé an der 33. Spillminutt ausgläichen. No der Paus konnt den OL souguer nach weider de PSG ënner Drock setzen. Et war de Fekir, dee seng Faarwen an der 49. mat 2:1 a Féierung bréngen an de Match decidéiere konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Villarreal - Espanyol 2:2
D’Haushäre sinn an der éischter Hallschecht an der 37. Minutt duerch den Iborra a Féierung gaangen. No der Paus huet den Ex-Arsenal Spiller Santi Carzola an der 65. Spillminutt nach een dropgesat. An der leschter Véierelstonn konnt Espanyol de Match awer nach dréien. An der 75. Spillminutt huet de Bonera ee Selbstgol geschoss, ier de Rosales an der 81. den 2:2 Ausgläich markéiert huet.
Betis - Atl. Madrid 1:0
Nom Wiessel vum Morata vun Chelsea op Madrid louchen d’Hoffnungen op de Schëllere vum Spuenier, ma déi éischt Hallschecht blouf et awer beim 0:0. No der Paus hat Atletico géint eng technesch staark Ekipp vu Betis näischt entgéintzesetzen, et ware souguer d’Haushären déi markéiere konnten. An der 65. Spillminutt huet de Canales per Eelefter op 1:0 gesat, wat um Enn och d’Schlussresultat war. De Morata konnt sech also a sengem éischte Match fir Colchoneros net an Evidenz setzen an der Réckstand op Barcelona net verkierzen.
Real Madrid - Deportivo Alaves 3:0
Mat der 1:0-Defaite vum Stadrival Atletico war et fir de Real wichteg, d’Partie doheem géint Alaves ze wannen. Dëst ass de Männer vum Trainer Solari dann och gelongen. Am éischten Duerchgang war et de Benzema, deen déi Wäiss an der 30. Spillminutt mat 1:0 vir brénge konnt. No der Paus blouf et a puncto Goler bis déi 80. Minutt roueg, do war et nämlech de Vincius Junior, deen op 2:0 erhéicht huet. An der éischter Minutt vun der Nospillzäit konnt de Mariano Diaz dann nach mat dem 3:0 nach een dropsetzen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Udinese - Fiorentina 1:1
An den éischte 45 Minutte goufen et keng Goler an der Partie tëscht Udinese an der Fiorentina. Eréischt an der 56. Spillminutt konnten d’Haushären e Gol markéieren. Et war de Stryger Larsen, dee seng Faarwe mat 1:0 vir bruecht huet. Knapps zéng Minutte méi spéit konnt de Fernandes ausgläichen a schliisslech blouf et beim Score vun 1:1.
Inter - Bologna 0:1
Eng batter Néierlag hunn d’Nerazzurri doheem misse géint Bologna astiechen. Am éischten Duerchgang huet de Santander an der 32. Minutt Bologna mat 1:0 a Féierung bruecht. Duerno haten d’Haushäre Krämpes, fir offensiv no vir ze spillen. Um Enn huet sech Inter mat enger Defaite géint den Underdog misse geschloe ginn.
Roma - Milan 1:1
Mat dem neie Stiermer Krzyzstof Piatek schéngt dem AC ee richtege Coup gelant ze sinn - um Sonndeg konnt hie well säin 3. Gol am zweete Match schéissen. Säin 1:0 an der 26. Spillminutt ass awer géint d’Roma net duergaangen, fir datt Milan déi dräi Punkte konnt mat Heem huelen. Et war nämlech den Zaniolo, deen an der 46. Minutt direkt nom Téi fir d’Réimer op 1:1 setze konnt. Dat war dunn och de Score no 90 Minutten.