
Am Alter vu 67 Joer ass de Manou Scheitler no laanger Krankheet gestuerwen. A senger aktiver Karriär huet hie fir déi Escher Jeunesse an d‘Union gespillt. Mat béide Veräiner gouf hie Lëtzebuerger Champion an huet och d‘Coupe gewonnen. An der Saison 1983/1984 war hie mat 26 Goler beschte Butteur an der Nationaldivisioun.

De Manou Scheitler huet och sechs Matcher fir d‘Nationalekipp gespillt. No senger aktiver Zäit war de Manou Scheitler nees bei sengem Jugendveräin FC Kielen aktiv, dat a ville verschiddene Rollen.