2. BundesligaFriedhelm Funkel iwwerhëlt Trainerposte beim 1. FC Köln

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg hat sech den 1.FC Köln e bëssen iwwerraschend vu sengem Trainer Gerhard Struber getrennt.
© AFP

Elo steet fest, datt de Friedhelm Funkel fir déi lescht zwee Spilldeeg op der Bänk wäert setzen. Den 71 Joer alen Trainer war schonns 2002 an 2021 an dëser Funktioun. Seng Missioun ass et, fir den direkten Opstig ze packen. Den Ament läit Köln op der zweeter Plaz, 1 Punkt hannert dem HSV an 3 Punkte virun Elversberg a Paderborn.

Back to Top
CIM LOGO