RIPFuttball-Manager Rudi Assauer am Alter vu 74 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Futtball ass am Trauer. De Rudi Assauer, fréiere Manager vu Schalke, ass dout.
© AFP

Wéi et heescht wier hien doheem friddlech ageschlof, an den Äerm vu senger Duechter. Och seng Zwillingsschwëster soll bei him gewiescht sinn.

De Rudi Assauer war laang Joren Alzheimer krank an hat sech déi leschte Joren aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn. Hien hätt den 30. Abrëll 75 Joer kritt.

Back to Top
CIM LOGO