
No Consultatioun vun de verschiddene separate Rapporte vun den Arbitteren huet den Tribunal Fédéral vun der FLF e Méindeg decidéiert, dass d’Partie tëscht dem FC Brouch an dem FC Les Ardoisiers Perlé nei gespillt wäert ginn.
Hei den exakte Wuertlaut aus dem Communiqué vun der Futtballfederatioun:
Après le réquisitoire de la Commission de Contrôle et sur base des différents rapports séparés des arbitres, le Tribunal Fédéral prend les décisions suivantes :
FC Brouch – FC Les Ardoisiers Perlé (Division 3, 18/05/2025)
Art. 56/1/7, match à rejouer.
L’arbitre n’a pas épuisé tous ses moyens pour continuer le match.
E Sonndeg hat de Match mussen ofgebrach ginn, nodeems et ënnert de Fans zu enger Kläpperei mat zwee Blesséierte komm war (liest HEI den Artikel). En Datum ass nach net matgedeelt gi vun offizieller Säit.