VIDEO: Emotionale MomentGéignereschen Trainer hëlt Auszäit, fir den Nowitzki ze éieren

RTL Lëtzebuerg
Et war ee ganz besonnesche Moment am Match tëscht den LA Clippers an den Dallas Mavericks.
© AFP

De Coach vun den LA Clippers Doc Rivers huet 9 Sekonne viru Schluss vum Match eng Auszäit geholl an dës huet hie genotzt, fir den Dirk Nowitzki ze éieren, dee wuel no dëser Saison ophält. Déi ganz Hal ass opgestanen an huet geklappt fir den däitsche Basketball-Star.

Den Doc Rivers ass, nodeems hien d’Auszäit geholl huet, bei den Arbitter-Dësch gaangen an huet de Mikro geholl. Du sot hien “Dirk Nowitzki”, iwwerdeems hien op de Spiller vun de Mavericks gewisen huet. Dunn huet hien d’Fans opgefuerdert, fir den Nowitzki ze klappen: “Let’s go! Let’s go! Let’s go!”. Weider sot hien: “One of the greatest of all time!”. Fir den Nowitzki war et säin 1.500. Match an der Regular Season a läit an der historescher Ligastatistik hei op der 4. Plaz.

Et war ee besonnesche Moment, een, deen et am Sport seele gëtt, ma een, deen all Sportfan ze wierdege weess. Spéider sot den Doc Rivers nach: “Ech hat d’Gefill, dass en et verdéngt hat.”

Back to Top
CIM LOGO