David Fiegen"Gesinn eng Säit vun den Olympesche Spiller, déi ech net kannt hunn"

Christophe Hochard
Dat sot de fréiere Liichtathlet David Fiegen e Samschdeg den Owend am Gespréich mam Fabienne Zwally am Journal des jeux.
"Gesinn eng Säit vun den Olympesche Spiller, déi ech net kannt hunn"
Dat sot de fréiere Liichtathlet David Fiegen e Samschdeg den Owend am Gespréich mam Fabienne Zwally am Journal des jeux.

De fréiere Liichtathlet huet am Joer 2004 d’Lëtzebuerger Faarwen zu Athen bei den Olympesche Spiller vertrueden. “Wann s de als Sportler op d’Spiller kënns, bass de an engem Tunnel, fixéiert op deng Kompetitioun”, sou de gebiertegen Escher am RTL-Interview. Eréischt elo, wou hien als Spectateur zu Paräis mat dobäi wier, géif hien erkennen, wat fir een Impakt esou Olympesch Spiller op eng Stad, eng Natioun hätten.

Mam Vera Hoffmann, dem Patrizia van der Weken, dem Bob Bertemes an dem Ruben Querinjean si 4 Athleten aus der Liichtathletik an der franséischer Haaptstad am Asaz. Mam Charline Mathias an dem Charel Grethen hätten et der souguer kéinte 6 ginn. “Dat wär an deenen Disciplinne gewiescht, an deenen ech och ënnerwee war”, sou den 800-Meter-Leefer David Fiegen.

“D’Häerz geet mir op, wann ech gesinn, mat wéi engem Professionalismus geschafft gëtt”, sou nach den haut 39 Joer ale fréieren Athlet. Et géif ee mierken, dass zu Lëtzebuerg d’Zil do wier, ëmmer méi no un eng international Elite erunzekommen.

“Wat ech als aktiven Athlet gären nach méi gemaach hätt, dat wär déi ganz Olympesch Momenter nach méi genéissen”. Olympesch Spiller wären net all Dag an där hätt een an enger normaler Sportlerkarriär net ganz vill, sou den David Fiegen am Interview zu Paräis mam Fabienne Zwally.

Back to Top
CIM LOGO