Nofollger vum XaviGëtt den Hansi Flick neien Trainer vum FC Barcelona?

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Xavi no der 3:5-Coupe-Defaite géint Villarreal säi Récktrëtt no der Saison annoncéiert huet, soll de Flick fir d'Nofolleg am Gespréich sinn.
© SID/RONNY HARTMANN

Der Bild-Zeitung no soll sech besonnesch de President vum FC Barcelona, de Joan Laporta fir eng Verflichtung vum fréieren däitschen Nationaltrainer asetzen. Den 58 Joer ale Flick soll doriwwer eraus och schonn Interessi un engem Trainerjob an enger auslännescher Liga vun nächstem Summer u geäussert hunn.

Weider Nimm, déi mam Trainerposte vu Barca a Verbindung bruecht ginn, sinn de Míchel vum momentane spueneschen Tabelleleader FC Girona, den Thiago Motta vum Serie-A-Club FC Bologna an och de Sergio Conceição vum portugiseschen Tabellendrëtten FC Porto.

Den FC Barcelona kann d’Erwaardungen a Spuenien den Ament net erfëllen. Nieft der Eliminatioun aus der spuenescher Coupe leien d’Katalane mat 11 Punkte Réckstand op d’Tabellespëtzt op der 4. Plaz vum spuenesche Championnat.

Den Hansi Flick war bis September 2023 zwee Joer laang Trainer vun der däitscher Nationalekipp. No engem enttäuschenden Aus an der Virronn vun der Weltmeeschterschaft 2022 am Katar an och spéideren Néierlage gouf hien als éischten DFB-Bundestrainer jeemools nach virun Auslafe vu sengem Kontrakt entlooss.

Back to Top
CIM LOGO