FifaGianni Infantino eenzege Kandidat fir de Poste vum President

RTL Lëtzebuerg
De 5. Juni gëtt zu Paräis de President gewielt an et gëtt keng Géigekandidatur.

Den Gianni Infantino gouf 2016 den Nofolger vum Sepp Blatter mat virun allem dem Zil, méi Transparenz an de Weltfuttballverband ze bréngen, wat Experten no awer net wierklech de Fall ass.
Déi aner Woch ass ee Workshop zu Istanbul, wou dëse Fifa-Kongress preparéiert gëtt an ënnert anerem d’Nations League wäert do en Thema sinn. Den FLF-President Paul Philipp betount, dass ee gespaant ka sinn, wat dobäi erauskënnt, well do vill Projete dorëmmer schwiewen. Allerdéngs wier weder a Sachen Transparenz, nach a Allgemenge geschitt.

De Paul Philipp

Back to Top
CIM LOGO