
Kuerz viru Schluss konnt Gladbach an Iwwerzuel nach 2 Goler schéissen a gewënnt verdéngt géint Schalke 04.
An engem spannende Match dréint Leverkusen de Match géint Bayern München an der 2. Halschent a wënnt mat 3:1.
Dortmund kann dësen Ausrutscher vun de Bayern net ganz ausnotzen a spillt just 1:1 géint Eintracht Frankfurt.
Wolfsburg hält sech weiderhinn an der ieweschter Halschent vun der Tabell a gewënnt um 20. Spilldag mat 1:0 géint Hertha Berlin.
Genau wéi Nürnberg a Bremen trennen sech och Hoffenheim an Düsseldorf mat 1:1.
An der éischter Halschent si keng Goler gefall mee et waren déi Gladbacher déi méi räif a besser gespillt hunn. Bei de Schalker huet d’Offensivspill villes ze wënschen iwwereg gelooss.
No der Paus huet de Golkipper vu Schalke, Alexander Nübel, opgrond vun enger Noutbrems déi rout Kaart gesinn a Schalke war ab elo just nach zu 10. Gladbach huet elo immensen Drock op de Schalker Gol opgebaut mee krut de Ball laang net iwwert d’Linn. An der 85. Minutt dann awer d’Erléisung duerch de Kramer. Den Hazard huet de Ball vu lénks zeréck op d’Strofraumgrenz ginn an de Kramer huet de Ball herrlech an de Wénkel geschoss. 6 Minutten drop dann de K.O. fir Schalke: Et war nees den Hazard deen d’Virarbescht geleescht huet an dës kéier huet de Neuhaus de Ball am rutschen iwwert d’Linn gedréckt.
Leverkusen ass ganz staark an de Match komm a koum och virun de Gol vun de Bayern. No engem Handspill an der 2. Minutt vum Hummels am Strofraum huet den Arbitter awer net op de Punkt gewisen. Wat de Match de Match méi laang gedauert huet, wat d’Bayern awer méi dominant gi sinn. An der 41. Minutt huet de Müller eng perfekt Flank op de Goretzka geschloen an deen hat keng Problemer de Ball an de Gol ze käppen. Kuerz virun der Paus dann nach den 2:0 mee de Videoarbitter huet op Abseits entscheet.
8 Minutten koum Leverkusen nees zeréck an de Match wéi de Bailey e Fräistouss aus 25 Meter an de Golkippseck geschoss huet. No 63 Minutten konnt d’Heemekipp de Match dann dréinen. De Bellarabi konnt de Ball op de fräie Volland an de Strofraum leeën an huet dem Ulreich keng Chance gelooss. Dono ass Bayern ugerannt mee goufen an der 87. Minutt ausgekontert. De Brandt huet de Ball op den Alario an d’Mëtt ginn an deen huet just nach missen an de Gol schéissen.
Am Ufank vum Match war Frankfurt déi besser an dominant Ekipp a krut sech och e puer Golchancen erausgespillt mee no 20 Minutten sinn déi Dortmunder besser an de Match komm a konnten an der 22. Minutt a Féierung goen. De Guerreiro huet de Ball an d’Mëtt op de Reus ginn an deen huet de Ball just nach missen an de Gol schéissen. No 36 Minutten dann awer den Ausgläich: No enger Flank vum Da Costa, koum de Jovic an der Mëtt ugeflunn an huet de Ball artistesch iwwert d’Linn geschoss.
Nürnberg huet an den éischte 45 Minutten eng staark kämpferesch Leeschtung gewisen an huet de Bremer d’Liewe ganz schwéier gemaach. Just am Ofschloss war d’Heemekipp net genau genuch.
No 64 Minutten waren et dann awer d’Gäscht déi sech en Avantage vun 1 Gol erspille konnten. No enger Flank huet et den Augustinsson mat engem Fallrückzieher probéiert, de Ball koum bei de Johannes Eggestein an dee konnt ganz fräi um zweete Potto de Ball an de Gol schéissen. Kuerz virum Schluss an der 87. Minutt ass de Nürnberger dann nach tatsächlech den Ausgläich gelongen. Den Ishak huet vu lénks an de rietsen Eck geschoss.
An der éischter Halschent war Wolfsburg déi besser Ekipp an hätt duerch de Steffen a Roussillon a Féierung goe missen. Berlin dogéint huet oninspiréiert gewierkt an hat just eng gutt Chance duerch de Rekik.
An der 65. Minutt konnt Wolfsburg dann ëndlech a Féierung goen an dat war verdéngt. De Roussillon huet sech op lénks duerchgesat, de Ball flaach an d’Mëtt ginn an do konnt de Weghorst de Ball iwwert d’Linn drécken.
An der 15. Minutt gouf de Geiger vum Bodzek vun de Been geholl an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. De Kramaric ass ganz cool bliwwen an huet an de rietsen Eck geschoss.
Direkt no der Paus ass den Düsseldorfer den Ausgläich gelongen. De Stöger huet eng staark Flank vu riets an d’Mëtt geschloen an den Hennings huet de Ball an de Gol gekäppt.