Handball-ChampionnatGläichspill am Spëtzematch tëscht Diddeleng a Bierchem

RTL Lëtzebuerg
Am Härenhandball stounge sech en Donneschden am Nodrosmatch vum 3. Spilldag Diddeleng a Bierchem géintiwwer.

Handball: Kee Gewënner tëscht Diddeleng a Bierchem / Reportage Serge Olmo

Béid Ekippen hunn hir éischt Partien alleguer fir sech entscheet, soudass et um Donneschdeg den Owend ëm d’Tabelleféierung gaangen ass.

Wéi erwaart hunn d’Spectateuren an der Forge du Sud eng ausgeglach Partie gesinn. No ronn 12 Minutten hat den HBD sech eng Avance vun 3 Goler erausgeschafft, dat virun allem wéinst de 7 markéierte Goler vun den Etute-Bridder. D’Lokalekipp konnt d’Féierung awer net weider ausbauen, soudass Bierchem zréck an de Match komm ass. Bei de Gäscht huet den Hoffmann du virun der Paus sechsmol hannerenee getraff, woumat et mat engem knappen Avantage fir si an d’Kabinne gaangen ass.

Och am zweeten Duerchgang war et e Match op Aenhéicht, an deem Bierchem awer konstant a Féierung bliwwen ass. Eng 7 Minutte viru Schluss louch dës souguer bei 4 Goler. Den HBD huet sech awer net opginn an huet eng gutt Minutt viru Schluss nees op 41:41 gestallt. Um Enn sollt et bei dësem Remis bleiwen, woumat béid Veräiner weider ongeschloen un der Tabellespëtzt bleiwen.

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball

Back to Top
CIM LOGO