Olympesch Wanterspiller: BiathlonGold fir de Johannes Thingnes Bö am Sprint bei den Hären
Am Biathlon Sprint iwwer 10 km gouf et eng Victoire an domat Gold fir den Norweger Johannes Thingnes Bö.
De Chines Tingyu Gao gewënnt Gold am Äisschnelllaf
Am Biathlon Sprint iwwer 10 km gouf et iwwerdeems eng Victoire an domat Gold fir den Norweger Johannes Thingnes Bö.
Op den Olympesche Wanterspiller stoung e Samschdeg am Biathlon de Sprint bei den Hären um Programm. Trotz engem Feeler war de Sportler awer däitlech méi séier wéi d’Konkurrenz. De Johannes Thingnes Bö aus Norwegen ass e Samschdeg mat enger Meeschterleeschtung an der Loipe zu der Olympia-Victoire am 10-km-Sprint gestiermt.
Um Enn hat de Johannes Thingnes Bö dann eng Avance vu knapp 25,5 Sekonnen op de franséischen Eenzel-Olympiagewënner Quentin Fillon Maillet (1 Feeler). Bronze war fir den Norweger Tarjei Bö (1 Feeler / + 38,9 Sekonnen).