
Am finnesche Lahti gouf et e Sonndeg beim Weltcup e kuriéise Schlusspunkt. No den zwee Duerchgäng hat souwuel den Halvor Granerud aus Norwegen wéi och de Ryoyu Kobayashi aus Japan 278.0 Punkte gesammelt. Domat deele sech béid Sprénger um Enn d’Victoire. Op déi drëtt Plaz huet et de Stefan Kraft mat 271.30 Punkte gepackt.
Am General léist de Ryoyu Kobayashi duerch dës Victoire de Karl Geiger als neie Leader of.