NFL - Week 6Grouss Klassenënnerscheeder a wéineg Iwwerraschungen

Kevin Kayser
Wärend et an den éischte fënnef Wochen zu verschiddenen Iwwerraschungen an enke Partie koum, war dat um sechste Weekend net de Fall.

Ugefaange mam “America’s Game of the Day”, bei deenen d’Lions op Dallas bei d’Cowboys gereest sinn. D’Ekipp aus Detroit huet dëst Joer nach quasi all Match iwwerzeegt a sollt et géint d’Cowboys nach eng weider Kéier verstäerken. Hir Defense huet just 3 Fieldgoals am ganze Spill zougelooss an hir Offense huet Punkten um Fliissband produzéiert: 7,20,10 an 10 opgedeelt op déi véier Quarter. Esou wanne si extrem däitlech mat 47:9.

Den zweete Match am Tottenham Stadium zu London fält dann och an d’Kategorie vun der Dominanz. Fir dës Partie hunn d’Chicago Bears hiren Heemmatch ofginn a sinn op d’Jacksonville Jaguars getraff, déi och nach nächste Weekend an der brittescher Haaptstad wäerte spillen. Déi éischt 15 Minutten hunn d’Jags keng schlecht Figur ofginn, ma dono waren et d’Bears, déi mat engem 14:0 d’'Partie konnten dréinen. Dësem Réckstand ass d’Ekipp aus Florida dunn de Recht vum Match nogelaf an zum Schluss konnten d’Bieren aus Chicago hir Avance nach eng Kéier op 35:16 ausbauen.

E weideren esou een héije Score gouf et am NFC South Duell tëscht de Buccaneers an de Saints. D’Ekipp aus Tampa koum zu New Orleans besser an d’Partie a war séier 17:0 vir. Ënnert dem Impuls vun hirem Rookiequarterback Rattler an der gudder Aarbecht vun hirer Defense, déi d’Bucs zu Feeler gezwongen huet, konnten d’Saints 27 Punkten am zweete Véierel eleng markéieren a sech domadder eng kleng Avance virun der Paus erausspillen. No der Paus awer hunn d’Verteideger vun der Fräibeuter eng Schëpp dropgeluecht an iwwerhaapt keng Punkte vun de Saints méi zougelooss. Duerch déi eege 27, déi d’Offense op d’Board bruecht huet, konnten d’Bucs zum Schluss kloer 51:27 gewannen.

Eng däitlech méi eng Partei gouf et tëscht de Washington Commanders an de Baltimore Ravens. Grad an zweeten an am drëtte Véierel konnte sech d’Ravense e klengen Avantage erausspillen, esou datt déi lescht 15 Minutte mat engem Score vu 27:13 fir si ugefaangen hunn. Ma d’Commanders, déi rezent e gudde Laf haten, hu sech trotz deem Réckstand net opginn a konnte mam 10:3 nach siwe Punkten ophuelen. Hinnen ass et zum Schluss awer net méi gelongen, fir d’Ravens ze stoppen, esou datt dës d’Zäit eroflafe konnte loossen an d’Partie mat 30:23 gewanne konnten.

All d’Resultater am Iwwerbléck

San Francisco 49ers - Seattle Seahawks 36:24
Jacksonville Jaguars - Chicago Bears 16:35
Washington Commanders - Baltimore Ravens 23:30
Arizona Cardinals - Green Bay Packers 13:24
Houston Texans - New England Patriots 41:21
Tampa Bay Buccaneers - New Orleans Saints 51:27
Cleveland Browns - Philadelphia Eagles 16:20
Indianapolis Colts - Tennessee Titans 20:17
Los Angeles Chargers - Denver Broncos 23:16
Pittsburgh Steelers - Las Vegas Raiders 32:13
Atlanta Falcons - Carolina Panthers 38:20
Detroit Lions - Dallas Cowboys 47:9
Cincinnati Bengals - New York Gianst 17:7
Buffalo Bills - New York Jets 23:20

Back to Top
CIM LOGO