Um Samschdeg den Owend war zu Diddeleng an der Hal déi grouss Box-Gala. Den Trainer vun direkt 3 Diddelenger Boxer, den Alain Back, war net nëmme fir seng Sportler am Asaz, ma hie war och fir déi administrativ Aarbecht vum Owend verantwortlech.
De nationalen Titel war dann och fir een Diddelenger, nämlech de Stephane Mota, dee sech géint de Nicolas Cabral duerchsetze konnt.
Bei den Damme war mam Saskia Zoboka just eng Damm aus dem Grand-Duché am Asaz. Hier Géignerin aus Frankräich hat dann och keng Chance géint d’Lëtzebuergerin, déi sech souverän duerchsetze konnt.
Am Match ëm de Weltmeeschterschaftstitel vum RBO war et de Fransous Cedric Paté, dee sech duerchsetze konnt, dëst géint ee Mann aus Ungarn.