Futtball internationalGuingamp verléiert, Betis-Valencia spille gläich an der Coupe

RTL Lëtzebuerg
An der italienescher Serie A gouf och 1 Match gespillt, hei ka sech Lazio doheem mat 1:0 géint Empoli behaapten duerch en Eelefmeter vum Caicedo an der 42.

An der Aachtelsfinall vun der Coupe de France muss sech Guingamp doheem 1:2 géint Lyon geschloe ginn. Fir Lyon hunn Dembele (7.) a Cornet (49.) getraff. An der 88. huet de Mendy verkierzt.

An de Véierelsfinalle spillen elo géinteneen:

PSG-Dijon
Vitré-Nantes
Lyon-Caen
Rennes-Orléans

Gespillt gëtt de 26. Februar um 21 Auer.

An der spuenescher Copa del Rey ass den Allermatch vun der zweeter Halleffinall tëscht Betis a Valencia 2:2 ausgaangen. Betis louch bis zu der 70. Minutt 2:0 vir, ma dunn huet Valencia verkierzt an an der Nospillzäit souguer nach egaliséiert.

Am Allermatch vun der anerer Halleffinall hate Barcelona a Real Madrid e Mëttwoch 1:1 gespillt.

Déi decisiv Retourmatcher sinn hei de 27. an 28. Februar allkéiers um 21 Auer.

Back to Top
CIM LOGO