US OpenHalleffinalle sti fest - Leylah Fernandez an Emma Raducanu iwwerrasche weider

RTL Lëtzebuerg
Bei de US Open sti souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen d'Halleffinalle fest.

Bei den Häre konnt sech den Novak Djokovic mat 5:7, 6:2, 6:2 a 6:3 géint den Italiener Matteo Berrettini duerchsetzen. An der Halleffinall kritt den 20-fache Grand-Slam-Gewënner et elo mam Olympiagewënner Alexander Zverev ze dinn, deen an der Véierelsfinall de Südafrikaner Lloyd Harris eliminéiert huet.

An der zweeter Halleffinall kënnt et zum Duell tëscht dem Daniil Medvedev an de Felix Auger-Alliassime. De Medvedev huet an der Véierelsfinall géint de Botic van de Zandschulp gewonnen an den Auger-Alliassime koum géint de Carlos Alcaraz een Tour weider.

Bei den Damme konnt déi jonk Kanadierin Leylah Fernandez ee weidere Thriller gewannen, déi Kéier géint d’Elina Svitolina aus der Ukrain. D’Fernandez muss an der Halleffinall elo géint d’Aryna Sabalenka untrieden, déi hir Véierelsfinall géint d’Barbora Krejcikova kloer gewanne konnt.

An och d’Märche vum Emma Raducanu geet weider. Déi 18 Joer jonk Brittin konnt sech mat 6:3 a 6:4 géint d’Olympiagewënnerin Belinda Bencic duerchsetzen. An der Ronn vun de leschte 4 steet d’Maria Sakkari hir géigeniwwer. D’Griichin konnt sech zweemol mat 6:4 géint d’Karolina Pliskova behaapten.

Back to Top
CIM LOGO