FLH Handballveräiner kréie mat ronn 15.000 Euro gehollef
D'Handballfederatioun hat jo annoncéiert, de Veräiner ënnert d’Ärem ze gräifen. An der CA-Sëtzung den 1. Abrëll gouf decidéiert, wei dës Hëllef ausgesäit.
Verëffentlecht: 06.04.20 14:15, Update: 06.04.20 14:24
Am Rapport steet, dass d'FLH fir Jugendspiller keng Lizenze fakturéiert. Dat entsprécht enger Zomm vun Ronn 10.000 Euro. Och déi administrative Chargen, 275 Euro fir 15 Veräiner, kréien Clibb net a Rechnung gestallt. Am Total ass et eng finanziell Hëllef vun ronn 15.000 Euro fir Handballveräiner.
RTL NEWS: Handballveräiner kréie finanziell Hëllef