Olympesch WanterspillerHären aus Norwegen wanne Gold an der Biathlon-Staffel

RTL Lëtzebuerg
Um Podium stinn um Enn nach Frankräich a Russland.
© AFP

Op den Olympesche Wanterspiller zu Peking ass en Dënschdeg an der Biathlon-Staffel bei den Hären d’Decisioun eréischt am leschte Schéisse gefall. De Russ Eduard Latypov ass mat engem grousse Virsprong bei d’Schéisse komm, ma huet dunn ze vill Feeler geschoss an huet zweemol missen an d’Strofronn. Um Enn gouf et nach Bronze (+45,3 Sekonnen).

Hannert de Russe sinn d’Staffelen aus Norwegen, Frankräich an Däitschland zäitgläich zum Schéisse komm. Den Norweger Vetle Sjaastad Christiansen huet et am Beschte gemaach an huet fir d’Ekipp Gold no 4 x 7,5 Kilometer geséchert. Sëlwer ass u Frankräich gaangen (+27,4 Sekonnen). Hei mat dobäi den Eenzel-Olympiagewënner Quentin Fillon Maillet.

Den däitsche Philipp Nawrath huet zum Schluss eemol missen an d’Strofronn, esou konnt een net vun de Feeler vun de Russe profitéieren an et huet ee sech misse mat der 4. Plaz zefridde ginn. 19 Sekonnen hu fir eng Medail gefeelt.

D’Staffel war wéinst der Keelt zwou Stonnen éischter gestart ginn. Trotzdeem waren et beim Start -15 Grad.

Back to Top
CIM LOGO