E Sonndeg ass op den Olympesche Wanterspiller zu Peking d’Ofschlosszeremonie. Mat dobäi waren dëst Joer och zwee Lëtzebuerger. De Matthieu Osch koum am Riseslalom op eng gutt 28. Plaz, d’Arrivée am Slalom huet den 22 Joer ale Lëtzebuerger awer net gesinn. Déi 16 Joer jonk Gwyneth ten Raa, déi dës Saison eréischt hir éischt FIS-Coursse bei de Seniore gefuer ass, hat an hiren Disziplinnen allerdéngs nëmmen e kuerzen Optrëtt. De Lëtzebuerger Missiounschef Heinz Thews war mam Bilan, deen hie bei dëser Editioun vun den Olympesche Wanterspiller gezunn huet, awer zefridden.
Wann een déi plakeg Resultater kuckt, koum bei dëser Editioun vun den Olympesche Wanterspiller aus Lëtzebuerger Sicht nëmmen de Matthieu Osch am Riseslalom iwwert d’Arrivée.
Wärend de Kompetitiounsdeeg am Schi Alpin ass opgefall, dass d’Konditiounen net einfach waren an et zu villen Ausfäll komm ass, vun deenen och Top-Favoritte wéi d’Mikaela Shiffrin betraff waren. D’Piste wieren ok gewiescht, mee de Konschtschnéi huet dat Ganzt méi schwiereg gemaach.
“Deen iwwert eng länger Zäit ënner deene selwechte Bedingungen an Temperaturen op der Pist louch. Et ass intressant ze gesinn, dass mir dat beschte Resultat, also do wou mir zweemol duerchkomm sinn, op dem Dag haten, wou Neischnéi gefall ass.”
Et gouf Athleten, déi ouni grousse Risiko erofgefuer sinn, nëmme fir d’Arrivée ze gesinn. Dat wier fir den Duo Ten Raa an Osch awer keng Optioun gewiergt.
“Si sinn einfach mat Leif a Séil Schifuerer. Engem ze soen, dee gewinnt ass, séier Schi ze fueren a sech un der Leeschtungsgrenz ze beweegen, deem bäizebréngen, dass e méi lues soll fueren... Dat ass schwiereg.”
Fir den Heinz Thews war et um Enn och de richtege Wee, fir d’Competitiounen esou unzegoen.
“Se hunn hei Léiergeld bezuelt. Ech mengen awer, an dat ass dat wichtegst hei, wat een da mathuele muss aus de Leeschtungen, et muss een de Prozess gesinn an deem déi zwee stiechen. De Matthieu hat hei seng 2. Olympesch Spiller, mat däitlech méi héijem Potential, wéi bei den éischten. Wann hien zwee Leef erofbréngt, dann ass hien e Kandidat fir d’Top30. An d’Gwyneth ass eng Wett op d’Zukunft am Alpin-Sport am Dammeberäich fir Lëtzebuerg. Ech mengen, dass ee vill Freed un him wäert hu mat den zukünftege Resultater, déi hatt fuere kann a fuere wäert, do si sech all d’Fachleit, déi hei waren, eens.”
D’Fro ass opkomm, ob Lëtzebuerg iwwerhaapt soll Athleten op d’Olympesch Wanterspiller schécken. Hei hat den Heinz Thews eng kloer Äntwert.
“Soulaang mir Athleten hunn, déi alles dofir maachen, fir op den Niveau ze kommen, dat heescht, fir de Schi Alpin och d’Land ze verloossen an an Trainingszenteren ze goen, sinn ech der Meenung, dass een déi Athleten ënnerstëtze soll, sou gutt ee kann.”
Zanter Enn Januar ass d’Lëtzebuerger Delegatioun op der Plaz. Wärend den dräi Wochen a China huet ee Spiller erlieft, déi gutt organiséiert waren an d’Konditiounen och gestëmmt hunn, sou den Heinz Thews.
“Mir hate wierklech grouss Ënnerstëtzung hei am Village, d’Plaze vun de Competitioune waren ausgezeechent, d’Organisatioun iwwert déi komplett Zäit ausgezeechent. Et war och schéin ze gesinn, wéi een um Dag mam Neischnéi mat der Pist ëmgaangen ass an d’Competitioune waren och aus eiser Siicht hei absolutt wonnerbar organiséiert.”
Net esou flott, war dem Heinz Thews no, datt een op Grond vun de Corona-Mesuren net vill aner Competitioune konnt kucke goen an och näischt vum Land selwer gesinn huet. E Sonndeg ginn d’Olympesch Wanterspiller op en Enn. Hei wäert dann de Matthieu Osch de Lëtzebuerger Fändel bei der Ofschlossfeier droen.
Fir den Directeur Technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité Heinz Thews waren et iwwerdeems déi lescht Olympesch Spiller.
