
D’Fro, déi sech awer elo nach stellt, ass déi, wéi sécher d’Spiller fir d’Sportler sinn? Den Directeur technique vum COSL, den Heinz Thews, geet dovunner aus, datt op d’mannst am sougenannten olympeschen Duerf keng Problemer dierften opkommen.
“De “Village” ass ganz streng organiséiert. Den Testing ass organiséiert an dat funktionéiert och ganz gutt. Mir hunn eng ganz héich Unzuel vu geimpfte Persounen, déi an eisem Haus, wou mir zesumme mat den Däitsche wunnen. Mir hunn 100 Prozent an den DOSB däitlech iwwer 90 Prozent. Mat der Oplag, datt mir eis just an deem “Bubble System”, deen ofgeséchert ass, duerfe beweegen, mengen ech, datt d’Infektiounsgefor däitlech reduzéiert ass.”
Lëtzebuerger ass zu Tokio mat 12 Athlete vertrueden.