Schwamm-Weltcup BerlinHenx bleift knapp iwwer nationalem 50m-Papillon-Rekord

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger huet no 23 Sekonnen a 96 Honnertstel ugeschloen a sech als 6. fir d'Finall qualifizéiert.
© FLNS

An der Coupe du Monde am Schwammen am 50-Meter-Baseng zu Berlin huet de Julien Henx e Sonndeg de Moien iwwer 50 Meter Papillon an enger Zäit vun 23 Sekonnen a 96 Honnertstel ugeschloen. Domat ass de Lëtzebuerger Sportzaldot just 5 Honnertstel iwwert sengem nationale Rekord bliwwen, deen hien am Juli op der WM geschwomme war.

Mat enger 6. Plaz huet sech de Henx och fir d’Finall qualifizéiert. Bei dëser wäert de Lëtzebuerger Schwëmmer awer net kënnen untrieden, well hien zeréck op Lëtzebuerg kënnt, well hien d’nächst Woch schonns a China bei de Weltmilitärspiller un den Depart geet. De Julien Henx huet eis géigeniwwer gesot, dass hien traureg wär, dass en d’Finall net schwamme kéint, mä et géing zäitlech eben einfach net erausgoen an hie wéilt awer ausgerout a China fléien.

Back to Top
CIM LOGO