
Mat enger ganz héijer Startnummer ass de Cameron Alexander e Freideg bei der Descente vum Schi-Alpin-Weltcup zu Kvitfjell an Norwegen nach déi nämmlecht Zäit wéi de Schwäizer Niels Hintermann gefuer.
De Kanadier war als 39. Fuerer op d’Pist gaangen a huet mat 1:44,42 Minutten eng Beschtzäit realiséiert. Virdrun hat den Hintermann scho mat der Startnummer 17 mat der nämmlechter Zäit de Matthias Mayer de sécher gegleefte Succès ewechgeholl. Den Olympiagewënner am Super G war 12 Honnertstel méi lues wéi de Gewënnerduo.