
E Sonndeg de Moien huet sech den Aleksander Aamodt Kilde am Super-G vun den Hären zu Kvitfjell d’Victoire geséchert. Den Norweger konnt sech a sengem Heemechtsland mat 7 Honnertstel virum Kanadier James Crawford duerchsetzen a sech sou zousätzlech d’Gesamtvictoire vum Super-G-Weltcup huelen. Op déi drëtt Plaz huet et mat engem Retard vun nëmmen 0.12 Sekonnen de Matthias Mayer aus Éisträich gepackt.
Bei den Damme gouf et am Riseslalom zu Lenzerheide eng Victoire fir d’Federica Brignone. D’Italienerin konnt sech mat 0.95 Sekonnen virum Michelle Gisin aus der Schwäiz an dem Katharina Liensberger aus Éisträich duerchsetzen.