Tower-Power-TrailHugo Ralet an Diane Heuertz triumphéieren

RTL Lëtzebuerg
Bei der 4. Editioun vum Power-Tower-Trail zu Wäicherdang konnt sech bei den Hären den Hugo Ralet a bei den Dammen d'Diane Heuertz duerchsetzen.
© Ginette Schneider

Iwwert d’Haaptdistanz vun 19,5 km konnt sech bei den Hären den Hugo Ralet an enger Zäit vun 1 Stonn 26 Minutten an 23 Sekonnen virum Michel Bessing a Gauthier Boclinville duerchsetzen. Bei den Dammen war et d’Diane Heuertz vum Celtic Diekirch dat virum Jackie Mores a Sani Lenoir triumphéieren.

Op den 10 km konnt sech bei den Hären de Laurent Reichling an bei den Dammen d’Claudine Weicherding duerchsetzen.

Am ganzen waren 290 Leefer a Leeferinnen um Samschdeg um Départ a konnten e flotte Parcours duerch d’Gemeng Klierf méi oder manner genéissen.

PDF: De ganze Communiqué

Back to Top
CIM LOGO